Virtuellen DEULUX-LAF 2020 vum 1.11. bis 30.11.2020

Well mer wéinst der CORONA Kris den 29. DEULUX-Laf  de 14.11.2020 hu  missen ofsoen, hu mer e Konzept fir e virtuellen DEULUX-Laf 2020 entwéckelt. Mär hoffen,datt dëst Konzept äech gefällt an datt der all derbäi sidd. Alles wat mer vu Geld erakréien, gëtt gespend.

Hei d’Haaptpunkten:

Wéini ?

Matmaache kann een egal op watfirengem Dag,  vum 1. bis den 30. November, et gëtt also 30 Deeg virtuellen DEULUX-Laf,  an der Virfreed op eise Jubiläum, den 30. DEULUX-Laaf, dee wéint dem Corona eréischt 2022 organiséiert gëtt. Iwrigens, 2021 organiséiert d’LG Langsur e.V. (also Laser), d’lëtzebuerger Championnat vum 10 km Stoosselaf, wat fir eis eng grouss Éier ass.

Mat weem ?

Et kann ee selwer entscheede wéini ee wëllt staarten. Entweder et lääft een, et trëppelt een, et mécht ee Walking mat sengem Veräin, mat Frënn, mat der Famill, mat der Kannerkutsch, mam Hond, oder eleng. Passt an äre klenge Gruppen op d’Corona Regelen op !

Lafen, walken oder trëppelen !

D’Streck muss net gelaf ginn, et kann een also och walken oder trëppelen. Alleguer zesumme fir de gudden Zweck.

Umeldung:

Et ass een ugemellt wann ee wéinstens 5 € (et ass keng Grenz no uewen) bis spéitsdens den 30.11.2020 op d‘ Spendekonto vun der LG Langsur e.V. iwwerwisen huet.

Volksbank Trier eG
Kontoinhaber:            LG Langsur e.V.
IBAN:                        DE64 5856 0103 0025 4106 15
BIC:                            GENODED1TVB
Verwendungszweck:  Vorname, Name, Verein

Alles fir dee gudden Zweck !

D’Somm vun alle Startgelder gëtt vun eisem Verein opgeronnt. De Betrag gëtt dann un Organisatiounen aus der Regioun gespennd, déi sech fir gutt Zwecker hirginn. Mär huele gär Virschléi vun de Läfer un. De Comité vun der LG Langsur e.V. wäert dann iwwer d’Verdeelung vun de Spenden décidéieren an Äech Bescheed ginn. Mär hoffen, datt mer eng schéin Somm zesummekréien, nom Mott „Zesumme geet méi“.

W.e.g., maacht Photoen!

Mär si frou wa mer Photoe vun Äerem virtuellen DEULUX-Laf kréien. Schéckt se einfach op info@lg-langsur.de. Eng Auswiel vun de Photoen an d’Lëscht vun de Läfer gëtt dann op eiser Homepage www.deulux-lauf.de publizéiert.

D’Streck gëtt gezeechent !

Déi ganz Streck gëtt däitlech mat eisem DEULUX-Lauf Logo mat Feiler op der Strooss a mat Schëlter gezeechent, esou datt jiddereen de Wee fënnt. Op e puer Plaze gëtt d’Streck liicht gännert. Dat ass fir Är Sécherheet well d’Streck net gespäert gëtt. Passt op d’Verkéiersregelen op.

Wou kann ech parken ?

Et ass méiglech bei der Turnhal zu Laser ze parken, net wäit vum Départ an der Arrivé3e. Et ass kloer datt een och mam öffentleche Verkéier oder esouguer mam Velo ka kommen.

 

Mär si frou wann der kommt, och wa mer dëtt Joer net all an engem Dag bei enaner kënne sinn, mär kënnen awer zesummen e virtuellen DEULUX-Laf lafen, an anengems eppes fir de gudden Zweck hei an der Regioun maachen.

Äer LG Langsur e.V.

 

-> d'Läfer 2020