Nov 2018 | De Yonas Kinde an d'Vera Hoffmann gewannen de 27. DEULUX-Laf !

De 27. DEULUX-Laf ass eriwwer. No 2013, 2015 an 2016 gewënnt de Yonas Kinde fir d'véierte Kéier zu Laser (Langsur). De Yonas dee bei der Olympiad zu Rio derbäi woar, gewënnt virum Abdi Uya (TSV Schott Mainz) a virum Bob Bertemes (Celtic Dikrech). Bei de Fraen ginn déi 3 éischt Plazen op Lëtzebuerg. Fir d'Vera Hoffmann (Celtic Dikrech) ass et déi 3. Victoire hannerteneen. Mat 35:24 lääft d'Vera déi séierst Zeit zu Laser zanter 2004. Déi 2. Plaz geet un d'Charline Mathias (CSL Lëtzebuerg), 800 m EM-Halleffinalistin zu Berlin. Et woar déi d'éischte Kéier wou d'Charline zu Laser derbäi woar. Op déi 3. Plaz kënnt d'Martine Mellina (Celtic Dikrech), déi 2015 gewonnen hat.

Mär soen allen 1255 Läferinnen a Läfer Merci, datt si trotz dem ville Reen matgemeet hunn an äis trei bliwe sinn. 2019 geet et nees zréck op déi "al" Original-Streck. Mär freeën äis op déi nei Velosbréck Metzdorf (DEU) a Méischduerf (LUX) an op den 28. DEULUX-Laf, den 9. November 2019.

 
 
 

Andere Besucher haben sich danach folgende Artikel angesehen:

 

...wurde zuletzt gestern um 16:18 Uhr angesehen

 

...wurde zuletzt gestern um 13:19 Uhr angesehen

 

...wurde zuletzt gestern um 10:20 Uhr angesehen