Rekord Zuel vu Läfer beim 24. DEULUX-Laf !

No 24 Joer woar et esouwäit: Fir d’alleréischte Kéier huet den DEULUX-Laf et fäerdeg bruet, iwwer 2000 Läfer um Départ ze hunn. Esou wéi eise Motto et seet: “Lafen ouni Grenzen”, woare bei idealem Wieder, 2151 Läfer op der Arrivée, dovun eleng  hirer 1777 bei der Bitburger 0,0% Haaptcourse.
 
D’Martine Mellina an de Yonas Kinde hu gewonnen !
 
No senger 3. Plaz zejoert huet d’Martine Mellina eng éischte Kéier bei äis gewonnen, an der Klassezäit vu 36:10  Minutten. Et hat net vill gefeelt, dann hätt dat séiert lëtzebuerger Geschwësterpuer Mellina d’Course bei den Hären a bei den Damme gewonnen. De Pol Mellina ass nëmme ganz knapps geschloe gi vum Jonas Kinde, deen no 2013, an 30:46 Minutten, neess eng Kéier gewonnen huet. Domat ginn déi 2 éischt Plazen an dësem Joer un den Celtic Dikrech.
 
Esou bleiwt den DEULUX och no der 24. Editioun déi 10 km Course an der Regioun mat de meeschte Läfer ! Mär freeën äis iwwer déi vill frou Gesiichter an dee groussen Intressi. En décke Merci ! Mär hoffen eis erëmzegesi bei der 25. Jubiläumseditioun, den 12.11.2016.