wat dacks gefrot gëtt

1. wat dacks gefrot gëtt

1.1 Wéini ass den DEULUX-Laf am Joer 2017 ?

De 26. Int. DEULUX-LAF ass de 11. November 2017.

 

1.2 WOU ass den DEULUX-Laf ?

Den DEULUX-Laf ass zu D-54308 Langsur.

 

1.3 Ass et méiglech sech no unzemellen ?

Nomeldunge sinn den Dag vun de Coursen op dëss Manéier méiglech:

  • vun 12.00 - 14.00 fir d'Haaptcourse
  • vun 12.00 - 13.00 fir d'Schülercoursen/ fir d'Course vun deene Klengsten

 

1.4 Wéi gëtt d'Zäit geholl ?

D'Zäit gëtt mam  Real-Time-Champion-Chip geholl. Dofir muss jidderee fir dës Course en Chip hunn. Do gëtt et e puer Méiglechkeeten:

  • Du kanns mat Dengem eegenen Chip lafen an Du gëss d'Chipnummer bei der Umeldung un.
  • Du keefs en Chip fir 28,00 Euro deen s De fir dës Course a fir all aner Course weltwäit kanns gebrauchen wou d'Zäit mam Champion-Chip geholl gëtt
  • Du léins en Chip fir dës Course an Du bezils  28:00 Euro als Pand. No der Course kriss De 25:00 Euro erëm wann s De den Chip ofgëss. Kréie mär den Chip um Dag vun der Course net erëm, huele mär un, dass Du e wëlls halen. An deem Fall zielen déi 28,00 Euro als Kafpräis.

 

1.5 Wéi ass d'Streck ?

Déi offiziell gemoosste Streck geet iwwer eng flaach a séier Macadams Strooss am Dall vun der Sauer, duerch Däitschland a Lëtzebuerg.

 

1.6 Wéi kann ech mech umellen ?

Virumeldunge bis de 09. November 2017 nëmmen iwwer www.deulux-lauf.de
Fir sech mat Bréif oder Fax unzemellen, d'Unmeldeformular benotzen.

Umellen a bezuele vum Startgeld geet nëmmen iwwer:
DAVENGO-GmbH, Alt Moabit 59-61, D-10555 Berlin

 

1.7 Bis wéini kann ech meng Startnummer um Dag vun der Course ewechhuelen ?

D'Dossarde ginn um Dag vun der Course vun 12:00 Auer un ausgedeelt, bis 30 Minute virum Start

 

1.8 Wéini fänken déi verschidde Coursen un ?

  • 13:45 Auer |  Volksbank-Laf fir déiKlegnst (max. 7 Joer)
  • 14:00 Auer |  Volksbank-Schülerlaf (Klass C/D)
  • 14:30 Auer |  Volksbank-Schülerlaf (Klass A/B)
  • 15:00 Auer |  Bitburger-10-km-Haaptlaf

 

1.9 Wou ass de Start an d\'Arrivée ?

No beim Hall Polyvalent (Mehrzweckhalle)

 

1.10 Kann ee säi Gepäck anzuouch ofginn ?

Jo, vun 11:00 bis 17:00 Auer an der Kulturhal.

 

1.11 Wéini sinn d'Präisverdeelungen ?

Vu 15:45 Auer un, an der Sportshal

 

1.12 Wou gëtt et d'Diplomer ?

No der Course gëtt et op dëser Internet Säit e Link op all d'Resultater. Hei kënnen d'Leefer vun der Haaptcourse sech hiren Diplom selwer erausdrécken

 

1.13 Gëtt et e Park& Ride Service?

Dee gëtt et vun 12:00 bis 20:00 Auer
Navette vun der AB-Parkplaz A1/A64 Sortie Wasserbëllig

12:00 bis 17:00 Auer bei der Laser Bréck
17:00 bis 20:00 Auer beim Busstop bei der Sportshal

 

1.14 Wou a bis wéini kann een den Chip zréckginn ?

Vu 15:45 bis 17:00 Auer op der Tribün an der Sportshal.

 

1.15 Wou fannen ech wat ?

Hei kanns De Där de Wee op Laser als PDF eroflueden

 

1.16 Wéi kommen ech dohin ?

Wann s De zu Tréier oder tëscht Tréier a Laser wunns, kanns de op eng einfach a stressfräi Manéier ouni ze bezuelen op Laser fir den DEULUX-Laf kommen

Huel einfach e Samschden, de 11.11.2017 d'Linn 81 op den DEULUX-Laf.

Als Biljee oder Bewäis dass de wierklech op den DEULUX-Laf wëlls, weis am Bus d'Programmheft oder Deng Umellung.

Dat gëllt natierlech och fir d'Faart vu Metzdorf oder Mesenich op Laser (bis op de Busstop vis-a-vis vun der Bäckerei Lutz)

 

1.17 Gëtt et gespuarte Stroossen an Ëmleedungen ?

Fir datt den DEULUX-Laf ouni Problemer a sécher kann organiséiert ginn, mussen den Dag vun der Course e puer Ëmlädungen gemät ginn an e puer Stroosse gespoart ginn.
 
Déi wichdégst Punkten:
 
Vu 14:45 bis 16:20 Auer gëtt d’Bundesstrooss 418 tëschent Wasserbëllegerbréck a Metzdorf komplett gespoart.
A Laser (Langsur) selwer ginn tëschent 09:00 an 18:00 Auer Stroosse gespoart. Zu Mesenich ass d’Haaptstrooss an d’Tréierer Strooss vu 15:00 bis ongeféier 16:00 Auer zou.
Fir d’Bréck vu Waasserbëllegerbréck op Waasserbëlleg gëtt et rout Lute vu 14:45 bis ongeféier 16:15 Auer well nëmmen eng Spuer ka benotzt ginn.
D’Bréck vu Laser op d’lëtzebuerger Säit ass vun 11:00 Auer u bis an d’Owesstonne komplett zou.
Fir all Ëmlädunge gëtt et Schëlter.
D’Läfer vum DEULUX-Laf kënne vun engem gratis P&R Service mat der Linn 81 vum Autobunns- Iwwergank Mesenich/Waasserbëlleg profitéieren.
Well et wéinst der Ännerung vun der Streck vum DEULUX-Laf méi Problemer mam Verkéier kënne ginn, sollten dëss Virschléi méi gebraucht ginn, besonnesch well och nach ëmmer an der klenger Hall zu Laser d’Gepäck ka versuergt ginn!
D’Arrêtë vun der Linn 81 ginn op d’B 418 verluet.
D’Parkplaatze sinn op deene bekannte Plaatzen uewent der B 418 (Wiss) beim Neibaugebitt. Wéinst der Vollsperrung vun der B 418 kann än awer vu Waasserbëllegerbréck aus nëmme bis 14:45 dohi fueren. Op der Plaatz gëtt de Verkéier vun Hëllefsleit dirigéiert.  

 

1.18 Gëtt et e Programm no de Coursen ?

Jo, vun 18:30 Auer u spilt nom 26. DEULUX-Laf d'Band.

 

1.19 Ween ass den Organisator ?

Den Organisator vum DEULUX-Laf ass d'Läufergruppe Langsur e.V..

 

1.20 Responsabilitéit ?

Den Organisator hëlt keng Responsabilitéit fir Accidenter an Déifstal.