Informatioune fir d'Läfer

Den DEULUX-Laf 2017

E Samschden, de 11. November 2017 gëtt fir d'26. Kéier den DEULUX-Laf gelaf. An dëser Rubrik fënns De all déi néideg Informatiounen fir kënne matzemaachen

Mär si frou, wann s De bei dëser Course derbäi bass. Et ass dee Stroosselaf vun 10 km a Rheinland-Pfalz wou am meeschte Läfer matmaachen.

DEULUX-Laf - Eng Freed fir iwwer d'Grenzen ewech ze lafen.

Lafe mat Freed iwwer d'Grenzen ewech

Online umelle kann ee sech bis den 08. November 2017.

Nomellen um Dag vun der Course ginn ugeholl vun 12:00-14:00 Auer fir d'Haaptcourse a vun 12:00-13:00 Auer fir déi aner Coursen.

Wou fannen ech wat beim DEULUX-Laf ? Hei kriss De de Wee gewise fir den Dag vun der Course