Nov 2016 | De 25. DEULUX “Gebuertsdagslaf” op d’allerbescht gefeiert !

No eisem Slogan “Lafen iwwer d’Grenzen ewech”, si bei idealem Wieder 1775 Läferinnen a Läfer iwwer d’Arrivée gelaf. Domat huet eisen neie Parcours seng Prouf bestanen. Et woare wuel 25 Héichtemeter drann aplaz soss 9, an awer huet d’Streck am Grousse Ganzen e positiven Echo kritt.Villmols Merci datt däer zu esou dachs zou äis gehalen hutt !
 
Gewonnen hunn d’Vera Hoffmann an de Yonas Kinde !
 
Wéi zejoert ginn déi zwou éischt Plazen op Lëtzebuerg. D’Vera Hoffmann huet fir t’éischt bei äis gewonnen, an der Klassenzäit vu 36:05 Minutten, virum Nora Schmitz.
De Yonas Kinde, dee jo op der Olympiad beim Marathon derbäi woar, huet fir d’drëtte Kéier gewonnen. Nom leschte Joer woar heen an der Zäit vun 30:42 Minutte knapps virum jonke Lëtzebuerger Amaury Gouverneur, deen domat bei sengem éischten DEULUX Laf en exzellenten zueete ginn ass.